Blade
WT: 2. 3. 2008 Tät.-Nr.: P-A 8006 SZ.: 2215009
HD: a-fastnormal ED: normal DNA geprüft
AKZ: AD, BH, FPR1 (Landesmeister (L) NPO A1 2010), FPr2, FH 1, IPO 1
Hallo,
ech sinn de Blade von der schwarzen Magie. Ech sinn zu Karlstein, also hanner Frankfurt gebuer.
Charlotte Wiegand bleibt mit ihren Bildern in ewiger Erinnerung: www.hundesportfotographin.de
Ech zielen zu de groen däitsche Schäferhënn. Meng Elteren heeschen Alex von der Pflaumbachstraße a Fax vom Adelsmannfelder Land. Niewent mir gouf et nach 8 Welpen am B-Worf vun de Magier. Mäin Numm huet misse mat /b/ ufänken, sollt awer keen /o/ hannen hunn, well dat soss Tzako zevill géif änelen, sou gouf Blade erausgesicht.
Meng Devise ass: Beschäfteg mech, well soss muss ech den Tzako nerven oder eppes uknabberen. Mäin Zwinger schmaacht extra gutt wann ech eleng sinn an ze laang waarde muss, maachen ech gär Klengholz.
Spazéiere goen ass flott, do kenn ech dem Tzako ëmmer nolafen an hannen an d’Geneck bäisse bis e quiekst, hihi. Well heen ass oft nëmme mat der Nues um Buedem an net sou u mir interesséiert, wéi ech un him, schued!
Ech dierf och ëmmer mat op den Hondsplaz. Genau wéi den Tzako maachen ech och alles fir de Ball. Trotz mengem jonken Alter géif ech am léiwsten ni ophalen, dofir lafen ech och ëmmer fort wann d’Meeschteg mech well afänke fir vum Plaz ze goen, mais si huet mir de Krieg schonn ugekënnegt… Ups! Dee Krieg hunn ech verluer.
Spuere gesicht hunn ech schon ganz fréi an ech loosse mech net wei den Tzako vu Wëldspueren oflenken… Ech si jo och kee Juegdhond. Ech hu lo souvill Verweise geléiert a si scho gespaant wéini dann sou e Stéck Lieder oder Holz op der Spuer ze fannen ass… et wäert net méi laang daueren… yuppi.
Leider ass d’BH-Prüfung ausgefall zu Höfen, mais dofir hunn ech awer mëttlerweil d’Ausdauerprüfung gepackt!
Op enger Ausstellung war ech och nach net, ausser op der LGZS zu Letzebuerg. Mä leider war meng Meeschteg e Schisser an wollt mech do net ausstellen. Ech konnt dem Körmeiser awer meng Zänn weisen… se sinn all do!
Vläit dierf ech awer deem Nächst ee Mol am Krees laafen, wee wees vläit bidd sech jo nach eng Geleegenheet!
Nom Seminar Zuckerbrot und Peitsche an dem Wochenseminar mam Pro Staff Team hu mir an der Ausbildung ganz vill emgestallt… ohje wat war dat komesch fir mech. Mais ech sinn ewell méi konzentréiert an ech ginn richteg Fouss, net nemme méi Ball, wéi fréiher!
Ausserdem hu mir do och den Apport ugefaang a mir sinn schon gutt weiderkomm! Kucke mer mol wat d’Meeschteg lo nach alles vu mir verlaangt, mais ech haale lo op alle fall mol fest a knaatschen net!
(12/09) Sou, lo hu mir de Start an d’Kompétitiounsliewe geschafft, am November 2009 hu mir eis BH bestaan… dat ass richteg schéin! Mir hunn och eist lëtzebuerger Prüfungsheft an eis Lizens… a lass et geet!
An elo ass Wanterpaus zu Bollendorf, ech dierf mol einfach nemmen Hond sinn, kee Gehorsam a kee Schutzdingst! Op d’Spuer muss ech awer nach goen, well am Januar wollt ech jo déi éischt Prüfung (FPR 1 NPO) zu Lëtzebuerg schaffen… Eigentlech sinn ech jo fit, ech schaffen Tappen fir Tappen of, mais beim Verweisen muss ech nach ebessi méi schnell ginn… mais mir trainéieren weider…. och wann een muss schwammen fir un d’Enn ze kommen!
(3/10) Ei, di éischt Hürd ass gepackt! Mir si Landesmeeschter ginn an der Klass 1 op der Spuer… Ech kenn wann ech well an ech hunn hinnen all et gewisen! Leider gouf et och alt Leit déi dat net esou geschätzt hunn an sech net wierklech sportlech verhal hun op esou enger Veranstaltung. Dat ass zimmlech schued, mais bon! Mir hu gewisen, datt een duerch Training och als Newcommer eppes räisse kann. Esou guer d’Press huet sech gewisen an iwert eis geschriwen, hei den Artikel (Wort 9. 3. 10):
(11/10) Sou, lo erklären ech iech mol e weidert Steck vu mengem Liewen: Ech sollt de leschte Weekend meng SchH1 oder IPO 1 maachen! Leider ass dat net méiglech gewiescht! Ech hunn virun 7 Wochen ugefaang matt humpelen an no laangem Sichen hun se erausfonnt : Ech sinn iwersaiert! Dat bedeit, datt mäi Kierper den Kalzium aus dem Fudder net méi kenn erauskristalliséieren an an de Knachen emsetzen! Sou datt’en sech do Entzündungen bilden an arthrosähnlech Symptomer optrieden! Wat eng Merde! Mettlerweil geet et mir awer erem besser. Ech hun dofir geschter meng éischt FH1 gemaach, no däitscher Prüfungsordnung. Sou datt ech 2 Geländewechsel, ee Wee an 2 Verleitungen gemeeschtert hun! An dat ganzt mat 94 Punkten! Yuppi! Frauchen war deck zefridden matt mir!
Hei nach mäi Stammbam:
SCHH 3, IPO 3, FH 1, FH 2 SG Fax vom Adelmannsfelder Land 1998 SZ 2031304 HD-SV: HD a-normal (a1) Sire Mittelgroßer, in richtigem Verhältnis aufgebauter, pigmentstarker Rüde mit kurzem Oberarm und kurzer Kruppe. Der Rücken zeigt einen Knick hinter dem Widerrist. Die Hinterhand ist normal gewinkelt. Von vorn und hinten gesehen geht er korrekt. Die Gänge sollten mehr Raumgriff haben. Wesen sicher, TSB ausgeprägt; Hund läßt ab. |
SCHH 3, IPO 3, BSP SG Arry vom Königreich Flieden 1995 SZ 1950326 HD-SV: HD a-normal (a1) Sire |
4XBSP, SCHH3, IP3 1992 SZ 1844497 HD-SV: HD a-fast normal (a2) Sire |
SCHH3 (SG-LGA) IP3 Weika von der Stadt Schmalkalden 1991 SZ 1811076 HD-normal Dam |
||
2XBSP, SCHH3 1993 SZ 1887022 HD-noch zugelassen Dam |
SCHH3,(G-BSP),LGA, FH1 1989 SZ 1750867 HD-fast normal Sire |
|
1991 SZ 1796929 HD-normal Dam |
||
SCHH 1 SG Alex von der Pflaumbachstraße 2003 SZ 2133907 HD-SV: HD a-normal (a1) Dam Groß, mittelkräftig, gutes Verhältnis, tief pigmentiert, fester Rücken, etwas kurze Kruppe, Oberarm sollte schräger liegen, Hinterhand gut gewinkelt, ausgeglichene Brustverhältnisse. Front gerade, Gänge haben guten Raumgewinn. TSB ausgeprägt; läßt ab. Körung am 21.06.2008 auf Lebenszeit in Körklasse 1 |
SCHH3, FH, BSP Harras von der Sandkautschneise 1999 SZ 2044361 HD-SV: HD a-normal (a1) Sire |
2XWUSV,2XBSP,SCHH3,IP3,FH 1998 WUSV CHAMPION Quasy von der bösen Nachbarschaft 1994 SZ 1908900 HD-normal Sire |
SCHH3, FH 1992 SZ 1839980 HD-normal Dam |
||
SCHH1 1995 SZ 1927811 HD-SV: HD a-fast normal (a2) Dam |
SCHH3 1989 SZ 1761043 HD-normal Sire |
|
SCHH3 1989 SZ 1763091 HD-normal Dam |
Meng Biller: